Iwwer Eis
Säit 2010 touren mir duerch d’Land an encadréieren ëffentlech an privat Evenementer mat eisen Dänz.
Mir beherrschen verschidden Danzstyler wéi zum Beispill Ballet an Jazz awer och Tapdance an Rock ‘n’ Roll! Mir passen eis ärem Evenement un an kennen och gären Choreographieen op Wonschlidder maachen.
De Grupp besteet Momentan aus 14 passionéierten Meedercher déi ënnert der Leedung vum Samantha Schweich d'Méiglechkeet hunn hier Kreativitéit ze developpéieren an hier Wierker ze presentéieren.
Wei den Numm et schonn seet, geet et em d'Ausstrahlung, Kierperbeherrschung an virun allem vill Spaass.
Des ASBL weist dat Danz net nëmmen Danz ass, mee eng Interpretatioun vun der Musek déi an den Kierper iwwergeet.
Erlieft och dier, wat et heescht vun Freed ze danzen!
Dir kennt eis kontaktéieren fir eis fir ären Event ze buchen! Mir freeën eis op ären Interessi.